1 / 40

Mat dem Festungsplang duerch Gréiwemaacher

Mat dem Festungsplang duerch Gréiwemaacher. E Virtrag vum Monique Hermes. Vue Museldall (Alain Goedert ). De Museldall verdankt säi Räichtum senger gënschteger Lag um Waasser a sengem fruchtbare Buedem. Dofir war en net eréischt zur Réimerzäit mä esouguer scho virdru bewunnt.

camacho
Download Presentation

Mat dem Festungsplang duerch Gréiwemaacher

An Image/Link below is provided (as is) to download presentation Download Policy: Content on the Website is provided to you AS IS for your information and personal use and may not be sold / licensed / shared on other websites without getting consent from its author. Content is provided to you AS IS for your information and personal use only. Download presentation by click this link. While downloading, if for some reason you are not able to download a presentation, the publisher may have deleted the file from their server. During download, if you can't get a presentation, the file might be deleted by the publisher.

E N D

Presentation Transcript


  1. Mat dem Festungsplang duerch Gréiwemaacher E Virtragvum Monique Hermes

  2. Vue Museldall(Alain Goedert) De Museldall verdankt säi Räichtum senger gënschteger Lag um Waasser a sengem fruchtbare Buedem. Dofir war en net eréischt zur Réimerzäit mä esouguer scho virdru bewunnt. Wann ee vu “Gréiwemaacher” schwätzt, da muss een op eng éischt Siedlung hiweisen, déi net am Dall, méi um Buerggruef louch, net wäit vun der spéiderer Réimerstrooss ewech, déi vun Tréier an d’Stad Lëtzebuerg gefouert huet.

  3. Buerggruef(Emile Krier) De Site “Buerggruef”, deen zënter 1989 an 1991 als Nationalmonumentklasséiert ass, huet nach net all seng Geheimnisser präisginn. Nom éischte Joerdausend hunn d’Grofe vu Lëtzebuerg “Gréiwemaacher am Dall” ausgewielt, well d’Uertschaft strategesch gutt louch, fir hir Lännereie virun de mächtege Fürst-Äerzbëschofe vun Tréier ofzesécheren. Schonn am 7. Jorhonnert war dat “Gréiwemaacher am Dall” wou sech d’Haaptstroossen Tréier-Lëtzebuerg an Tréier-Diddenhuewe gekräizt hunn, fir d’éischt ernimmt ginn, an zwar als “Machara” oder “Machera”; mir kommen nach drop zréck.

  4. Festungsplang Et war wuel an 13./14. Jorhonnert, ënner dem Grof Hari V., dem Blonden, an ënner sengen Nofolleger, wéi déi staark Stadmauer entstan ass, déi 1688 ënner de Fransouse geschläift gouf. Nëmmen d’Tréierer Paart blouf bis wäit an d’19. Jorhonnert era bestoen. D’Festungsmauer war e Véiereck, 280 m x 250 m laang, a bis zu 15 m héich, ronderëm déi ganz Gréiwemaacher Alstad, an déif Waassergrief hu se nach méi sécher gemaach. Véier Paarten (dräi Haapt-„Diren“ an eng Niewen-„Dir“) hunn an d’Staderaugefouert: d’Lëtzebuerger, d’Diddenhuewener, d’Tréierer an och nach d‘Iechternacher Paart, déi dacks als Mënschecker Paart bezeechent gouf, wuel wéinst dem Mënschecker Tur direkt dernieft. 27 oder 28 Tir waren an der Stadmauer. Si waren 20 m héich, a vun Tur zu Tur huet e Wiergank mat Schéissscharte gefouert.

  5. Mënschecker Tur (Huelen Zant) War am nërdlechenEcktur, dem soug. MënscheckerTur, oder Huelen Zant am Volleksmond, esouguer e Prisong?Och dësenTurasszënter 1985 als Nationalmonument klasséiert.

  6. IechternacherPaart (HPPA-Gaart) D’IechternacherPaart,déino bei der „Schuckenhiel“ louch, war vläichtdeeneelstenZougank zur Uertschaft. Hei war awer och deeschwaachste Punkt vun der Festung un der Musel, an datwosst de Maarkgrof Albrecht vu Brandenburg am Joer 1552 auszenotzen, wéi en d’Stiedcheniwwerfall, ausgeraibert a verbrenne geloosshuet.

  7. De Festungstur (Kierchtur) (Sam Hoffmann) Genee an der Mëttvundäraler Festungstoung – a steet och haut nach – e massiven Tur.DëseWuecht- a Wiertur, deem seng Mauere sechun der Festungsmauer orientéierthunn an deem seng Ecken opd’KardinalpunktevundeenevéierHimmelsrichtunge weisen, ass ganz sécher a méi Etappe gebaut ginn. De Festungstur war dacksZoufluchtfird’Bierger, wann et nees eng Kéierbrenzelechginnass an der Stiedchenun der Musel. A wéiGréiwemaacher de Sëtzvun der Landriichterei war, huet en och alt emol als Prisong gedingt. Haut assd’SymbolvuGréiwemaacherde 26 Meter héijeKierchturvun der Parkierch St. Laurentius, an datzënter 1782/83. D’Parkierch, déivun 1820 bis 2015 Dekanatskierch war, an deegeschichtsträchtegeKierchtur, sinn zënter 2017 als Nationalmonument klasséiert.

  8. De Fräiheetsbréif

  9. Et war de LëtzebuergerGrof Hari V – de Blonden – e Jong vundärdichteger Gräfin Ermesinde, deeGréiwemaacheram Joer 1252d’Fräiheet geschenkt an d’Fräiheetschartaiwwerreechthuet. • Wat waren d’BedingungevundärFräiheet? • De Grofkrut all Joer den zéngten – oder besser gesotden néngten – Deel (den „Nauntel“) vun de Friichtevum Feld a vun der Rief an och nach 14 Pfenneg („Denaren“) pro Haus. Ass deenZéngtel, resp. deenNauntel, vläicht an enger fréierer „Zehntscheuer“ (Zéintscheier) an der heitegerKierchestrooss an domatno beim Haus vumGrof – datno beim Festungstur a bei der Gemenggestan hätt – agesammeltginn? • Maacherkrut e Riichter, deen am Ufank – a bis 1515 – vumGrof genannt, duernovun de Biergergewieltgouf, an et si siweSchäffe genannt ginn, déiverschiddeKompetenzberäicherhaten. (D’Wuert „Buergermeeschter“ daucht eng éischteKéier am Joer 1633 an de Geriichtsbicher op.) • Nëmmendeen, deen um Gebittvun der Stad Maachergewunnthuet, hat och d’Biergerrechta stoungdomatënner dem Schutz vumGrof. • WaKrich war, hunnd’MaacherBierger missen hire Mann stoen. • D’FräiheetvuGréiwemaacherass och spéiderëmmererëmbestätegtginn, z. B. schonn am Joer 1384 duerch den Herzog a Keeser Wenzel II., deend’Stiedchenun der MuselwéinstsengerTrei zum Herrscherhaus geluefthuet, oder 1570 duerch de Philipp II. vuSpuenien, 1617 duerch den Albert an d’Isabellavun den Niederlanden a 1769 duerchdéimächtegKeeserin Maria Theresia vunEisträich. • Et muss eenawerervirhiewen, dattMaachereréischt1388 fird’éischt offiziell als Stad bezeechentgëtt (matSëtz a matStëmm an der „Ständeversammlung“ vum Land).

  10. Maartzeen(LéTanson) Am Joer 1357 huet den Herzog Wenzel I. der Museluertschaftd’Maartrechtginn. Den „aleMaart“ ass am ieweschten Deel vun der Groussgaassofgehalginn. En huettëschtStadhaus a Festungsturugefaang. Handwierk an Handel hunndoduerch e groussenOpschwonk erlieft an zum Räichtumvun der Stad bäigedro. 41 Dierferdëssäit an déisäit der Musel waren nämlechderzou verflicht, aus all Haus wéinstenseeVertriederop de WochemaartopMaacherzeschécken. Um Maartdag sinn och zum dackstevum Balkon vumfréiereStadhaus aus d’Geriichtsuerteelerverkënnegtginn. De Veruerteelte war derbäi, hie stoungënnen an enger Mauernisch am „Lomperéng“ an e krut seng Strofnawell ganz gär op der Plaz. Heiandsdogoungdeemools eng guttTruechtPriggelduer als Strof, an all déi, déinogekuckthunn, hunnderbäi an d’Hänn geklappt.

  11. MaacherSigel EsouzesoemamMaartrechtkrutMaacher och e Stadsigelbewëllegt („SigillumLibertatis de Machera“). D’Vergréisserung an d’AusschaffevundeemStadsigel sollt eppesméispéit zu deeméischteStadwopeféieren. Am Lafvun der ZäitfannemerneiVersiounevumStadsigel, z. B. 1651 de „SigillumCivitatis (Comitis) Macherentina“.

  12. MaacherWopen De roudeLéiwmamSchlësselënner der Festungsmauer a mamlénkeFouss „am Waasser“ erënnertun de Wopevum „Befreier“ vuMaacher, dem Hari V.

  13. SchëffMachera Am Lafvun der Zäitfannemer, wéi schon ugedeit, och verschidden Nimm fird’Stiedchenun der Musel, vu „Maceries“, watesouvillheescht, wéi aalt Gemaier, iwwerMachara, (Villa) Machera, Machern a Graf(f)enmachern (no 1338); „das Machern der Grafen von Luxemburg“, fir et vuKinnecksmacher oder vuRoudemaacherzeënnerscheeden, bis Grevenmacher (zënter 1769 a bis haut).

  14. A wann een dann nach e bëssen an der Geschichtvun der Muselmetropolbliedert, da muss een e Wuertsoen:

  15. Jang de Blannen(Wikipedia) • Vum Jang de Blannen, (deen der Stad Lëtzebuerg zwar 1340 d’Schueberfouer geschenkt huet), deeMaacherawer am Joer 1346 zesummematanereLëtzebuergerStied an Uertschaftenun den Äerzbëschof Balduin vunTréierverkaafthuet.

  16. Osburg-Haus (Emile Krier) • Vumräichen Edelmann Peter vunOsburg, deen der UertschaftMaacher an de Joren 1418 an 1439 säibedeitend Hab a Guttno bei der Tréierer Paart vermaachhuet – dorausasseentvundeenenéischtenZivilhospizer („Spideeler“) zu Lëtzebuergentstan. • D’Osburg-Hausgëttzurzäitrestauréiert a vergréissertfir der regionaler MaacherMusekschoul eng definitiv Bleifzebidden. D’Haus an de Gaart sinn zënter 2017 als Nationalmonument klasséiert.

  17. Zéintscheier(Emile Krier) • VuneiserZéintscheier, an där a fréierenZäiten den Nauntel (vun de Friichtevum Feld an aus dem Wéngert) fir den Herrscher ofgeliwwertginnass.

  18. Zéintscheier – Wendeltrap (Alain Goedert) Déi jëtzeg Zéintscheier gouf 1635 gebaut. Et ass en herrschaftlecht Haus mat spueneschen Elementer – Lëtzebuerg war deemools ënner spuenescher Herrschaft. D’Gebai steet um Eck vu Poststrooss a Kierchestrooss.

  19. Zéintscheier – Bakuewen (Alain Goedert) No der franséischer Revolutioun koum d’Zéintscheiera Privatbesëtz, a krut am Laf vun der Zäit verschidde Bestëmmungen (Mielspäicher, Konschtschräinerei, Bäckerei, (dorun erënnert den ale Bakuewen am Keller), Dokteschpraxis, Spirituosen- an Tubaksgeschäft...). D’Gemeng keeft d’Zéintscheier 1975 fir 1,1 Millioun Frang.

  20. Gruewungen(Mauer) Bei Gruewungen, duerchgefouert 2012-2013 vum CNRA virun der Restauratioun vum Gebai, ginn am Gaart vun der ZéintscheierMauere fräigeluegt, déi an d’13. Jorhonnert zréck datéiert gi kënnen. Domat ass bestätegt, datt scho fréier e Gebai op dëser Plaz stoung.

  21. Rochus-Statu (Monique Hermes) • Et muss ee schwätze vun der Pescht, déid’Uertschaft am 17. Jorhonnertuergheemgesicht hat – Gréiwemaacher hat laangeng Rochus-Brudderschaft; an de „Peschthellegen“ Rochusgouf an der Kräizkapell ganz besonneschveréiert.

  22. Kräizkapell(Anouk Antony) • Et muss een och eppes erziele vumHäerzstéckvun der Uertschaftun der Musel, der Kräizkapell, déi, wéi se haut do steet, 1737 duerchd’Laanghauserweidertginnass. Kräizerbierg a Kräizkapell sinn zënter 1956 Monument firdéiGefalen aus dem 2. Weltkrich – an d’Kapellmathirem monumentale Kräiziwwer dem Haaptaltor, grad ewéi de Kräizwee, sinn zënter 2015 als Nationalmonument klasséiert.

  23. KräiziwwerMaacher(Bertels) • En éischtZeechnesvun engem Kräiz um Kräizerbiergfannemerawerscho1571 an engem Buch vumspéiderenIechternacher Abt Johann Bertels, deendeemools „Kämmerer“ – Schatzmeeschter – an der Abtei Neimënster am Gronn war.

  24. Syr(Roger Steffen) • Et kënnteennetlaanschtde grousse Brand, deen am Joer1822 am Ganzen 147 Haiser (vun 341), 80 Ställ an 39 Scheierenmat dem Fudder dran zerstéierthuet. De Brand war an der ënneschterSyrugaang, well e Bierger an därenkerGaass e Schwäingeschluecht an deemduernod’Buuschte gesengt hat. Et war vill Loft, d’Quonke si geflunn, an d’Katastrofass an enkeGaassen a bei klengen HaisermatStréidächernetausbliwwen…

  25. Ordonnance – Hëllef • Deemools sinn netnëmmendéiTréiererPompjeeëmathirerSprëtzdeeneMaacherzuhëllef komm, mä et ass och en Opruffvun der Regierunggemaachginn, dass d’ganzt Land soll spenden, firdattMaachererëmopd’Beenkéim.

  26. De Goethe (Wikipedia) • Et muss Rieds goevumdäitschen Dichterfürst Goethe, dee1792 zu Maacher Halt gemaachhuet, wéi en op de Feldzug a Frankräichgezunnass. Maacher war nämlech eng wichteg Stad an der Grofschaft a spéider am Herzogtum LëtzebuergUmProsteneck, woud’Post- an d‘Postkutschestatioundeemols war, huet hie sech hei mamdeemolegePostmeeschter Philipp Johann Jolliotënnerhal.

  27. Den Napoléon(Wikipedia) • Et muss een och schwätze vumfranséischeKeeserNapoléon I., deenden 9. Oktober 1804 vumdeemolegeBuergermeeschter Ferdinand (de) Thierry an der Muselmetropolëmfaang a feierlechbegréisst.

  28. De BlannenTheis (Monique Hermes) • Et kënnt een net laanschtde BlannenTheis. Hien ass 1747 zu Maacheropd’Welt komm, a well e ganz schlecht oder guernetgesinnhuet, huet en de Beruffvun engem Spillmann ergraff, dee – matsengerFra a matsengemHond – vu Fest zu Fest a vunUert zu Uertgezunnass, an d’Leitmat senge Liddercherameséierthuet. Hien hätt déiéischtLiddercher a lëtzebuergerSproochgesongen,assfestgehal. De blannen Theis ass 1824 veraarmt zu Eech/Lëtzebuerggestuerwen. Hien huetzënter 1991 eng schéiStatu zu Maacher, déi de Kënschtler Wil Lofygeschafhuet.

  29. De FrantzSeimetz • EenanertGréiwemaacher Unikum war de Moler, Schrëftsteller a Weltebummler Frantz Seimetz.

  30. Seimetz-Haus (Monique Hermes) An der ieweschterGroussgaass, souzesoen am Schiet vumKierchtur, asshien 1838 opd’Welt komm – deemools war Lëtzebuergschonn e Grossherzogztum. Hien huetsengerNoweltvu senge villeReesenuechterd’ganz Welt ganz villschéinTableauenhannerlooss. Och vifllSelbstportraitena Portraitevu senge Frënnhuet de Seimetzgemoolt. D’StadMaacherhueteleng 66 Seimetz-Tableauen. Och véiersprëtzegBichermam Titel „Der Feuersalamander“ huet de Seimetz um EnnvusengemLiewegeschriwwen, éiert en 1934 an der Stad gestuerwenass. Eevun de Spréchdorausassdeen hei:

  31. Dem einen kommt der Verstand mit dem Alter, dem anderen kommt das Alter mit dem Verstand; er hat also Aussicht, länger jung zu bleiben.

  32. Spure vum 2. Weltkrich Et muss eeschlussendlech och schwätze vun de Spuren, déidéischrecklechZäitvumZweeteWeltkrich an der Muselmetropolhannerlooss hat.

  33. Esouhuet et um Prosteneck…

  34. … an esouno bei der Bréck (déinetméi do war), ausgesinn.

  35. Mädomatwëllemer net ophalen.

  36. Grevenmacher – Ferraris-Karte Well aus dem Gréiwemaacher, wéi et Enn des 18. Jorhonnertsop der Ferraris-Kaartduergestalltass…

  37. Turgaass – Plang … aus der „Festungsstad“, opdärhire Spuren eenzënter 1997 wandele kann…

  38. Gréiwemaacher – Vue ... ass haut eng modern Stiedcheginn, an där et sechguttlieweléisst!

  39. (Foto: Simone Gehlen-Welter)

  40. Merci firärOpmierksamkeet

More Related